En(g) Rezeptionist(in) / Assistent(in) (m/f/x, Deel- oder Vollzäit)

Gëff Deel vun eisem Team an dat frëndlecht Gesiicht vun eiser Firma!
 
Hues du ëmmer ee Lächelen am Gesiicht, bass super organiséiert a hëllefs ëmmer gären ? Dann ass dës Plaz genau déi richteg fir Dech!

Wat mir sichen:
En(g) Rezeptionist(in) / Assistent(in) (m/f/x, Deel- oder Vollzäit)
déi energiegelueden a frëndlech ass, an bereet ass, eisen Empfang ze geréiren!
Wanns du gäre mat Leit kommunizéiers, ofwiesslungsräich Aufgabe léis an een entspaant, awer professionellt Aarbechtsëmfeld sichs, da bass du bei eis richteg.

 Däin Alldag bei eis:
-Eis Clienten häerzlech empfaangen
-Telefon a E-maile beaarbechten
-Administrativ Ënnerstëtzung an alle Beräicher
 
Wanns du dech an dëser Beschreiwung rëmfënns an Deel vun engem super Team wëlls ginn, da schéck eis deng Bewerbung: jobs@lampertz.lu